
Mat den Aen ass net ze spaassen, weder beim Mënsch, nach bei den Déieren. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth hat viru kuerzem en Déier um Praxisdësch, deem een op den éischte Bléck ofgesinn huet, dass eppes net stëmmt.
Der Englescher Bulldog Erna hier Ae ware rout an hunn an engem Stéck getréint. Fir t´éischt hat een déi spatz Krällercher vun der neier Miissi aus dem Stot am Verdacht, mat deenen dat Déierche sech géint dem Erna säin opdrénglecht Geschnoffels gewiert hat. Aus der eegener Apdikt hat d´Meeschtesch nach Tréinen-Drëpsen, déi och gutt gehollef hunn, bis de Mupp carrement no senge Leit geschnaapt huet, wa si mat der Fläschelche komm sinn. Och an der Praxis war et vun elauter Péng esou rosen, dass eng Berouegung néideg war fir seng Aen ze ënnersichen. Op béide Säiten ass dunn eng schwéier 'Conjonctivite' mat Hornhautentzündung, enger Keratite fonnt ginn.
Kee Wonner, dass de Mupp sech net méi gewäerde gelooss huet, dat deet jo awer och terribel wéi. Alles, wat un der Hornhaut, der Fënster vum A, net an der Rei ass, deet terribel wéi! Och a grad bei enger Englescher Bulldog, déi vill méi kriddeleg Aen huet wéi aner Muppekollegen, bei deene se net esou ervirstinn. Mat engem sougenannte 'Schirmer Test' goufen dem Erna seng Tréinendrüsen ënnersicht. Dobäi gëtt mat engerm Stéckelchen genormtem Filterpabeier ofgelies, wéi séier d´Tréinen dee Pabeierchen naass maachen. Beim Erna sinn déi Filterziedelcher iwwerhaapt bal ganz dréche bliwwen. Hatt hat eng béidsäiteg KCS, 'Kératoconjonctivite sèche' oder dréchent A. Fir e puer Deeg huet et misse géint Péng behandelt ginn, duerno ass dat mat den Drëpsen Tréinenersatz nees ganz gutt gaange.
Ee Gléck, well KCS ass leider meeschtens net ze heelen an d´Drëpsen muss et dowéinst fir de Rescht vu sengem Liewen e puermol all Dag a seng Ae kréien.