
© Patrick Greis
Et soll een 'Äppel a Bieren' net matenaner vergläichen heescht et dacks, an dat ass och dem Dr Marc Keipes, eisem Spezialist aus dem GesondheetsZenter op der Gare, ganz wichteg. Et geet hei awer lo manner em Uebst, mee dorëms wou de Speck sech am Kierper usammelt.
Wichteg ass dat, well et mat anere gesondheetleche Konsequenzen verbonnen ass. En décken Hënner mat décke Been, also d'Biereform, mécht méi Arthrose an d'Knéien an d'Hëften. Och wann dat wéi deet a lästeg ass, et bréngt eis net ëm. Den décke Bauch, oder wéi d'Lëtzebuerger soen, d'Béierpanz, dat Fett ëm eis Organer, dat produzéiert verschidden Hormoner, déi de Bluttdrock fërderen, déi verschidden Entzündungssubstanzen produzéieren an och méi liicht ongesond Fettsaieren an den Ëmlaf bréngen.
Souguer ouni de BMI, dee mer heiansdo hei beméien, kann een also gesinn wéi riskant de Speck kann sinn, andeems een mat engem Meter, de Perimeter, also den Ëmfang vum Bauch moosst.
Souguer wann een net zouhëlt, der Wo no, hëlt dat viszeralt Fett zou, zB als Fra tëscht 25 an 65 Joer, ginn 5-6 Kilo Muskel/Schankenmass verluer, an dat viszeralt Fett geet ëm dat 2 bis 4facht erop. Den Dammen hir Taille soll op d'mannst ënner 88cm bleiwen, besser wier ënner 80. Bei Männer ënner 102, besser wier 94 cm, gemooss um hallwen Wee tëscht der leschter Rëpp an dem Becken.