Den 23ten Mee war Nopeschfest am Land, an zesummen gouf gutt gefeiert. An awer soll ee säin Noper net reizen, an et drop ukomme loossen. Mee wat steet an de Gesetzer zu deem Thema. Wéi ass dat mam Wues méien sonndes, oder wéi vill duerf een d'Hecken schneiden? Duerf een plakeg an der Sonn leien, Gardenpartyen feieren a grillen. Wéini, wéi laang a wéi dacks sinn sou Saachen erlaabt a wou sprengt een de Kader a kann mat enger Geldbouss rechnen. Den Affekot vun eisem Vertrauen, Jean-Jacques Schonckert spillt haut de Mediateur?

03/06/2025 Fro den Affekot iwwert d'Noperen