Och bei den Déieren ënnerscheet een tëscht Summer- a Wanterkrankheeten. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall erausgepickt, deen an der lescht nawell zimmlech heefeg virkënnt, an déi éischt Virzeeche wierken relativ harmlos.

De Carlo, en 5 Joer ale vill ze mockelegen Chihuahua, war zanter Wochen net méi richteg cool drop. Dee soss ganz äerdegen, wann och oft aggressiv-fäerterege klenge Ritt léisst op eemol säi Friesse stoen, wëll an der Lescht bal net méi aus sengem Kierfchen opstoen, a muss sech bal al Dag iwwerginn.

Romi Roth - Ehrlichios - Feststellung

'Vläicht ass dat einfach eng verlängert Fréijoersmiddegkeet', hätt ee kéinte mengen, an sou goung et och um Ufank dem Carlo senge Leit. Dass et méi eescht ass, huet d'Déierendoktesch festgestallt, wéi hien an d'Praxis bruecht gouf, an och 41° Grad Féiwer hat.
Well mir an der Lescht, wéi vill vun de Kolleegen hei zu Lëtzebuerg och, ganz vill Vecteurkrankheete bei eise Muppepatienten hunn, krut och de Carlo dowéinst emol Blutt geholl. D´Resultater vun der Labosanalys waren dunn däitlech: de Mippchen hat eng fatzeg 'Ehrlichios', eng Kränkt, déi an der Lescht ëmmer méi heefeg och hei zu Lëtzebuerg virkënnt. Se gëtt iwwer Zecken a warscheinlech och Moustiquen iwwerdroen, geet op d´Haut, de Verdauungstube, d´Gelenker, d´Long a kann och blann maachen a stierwen dinn. No der drëtter vun am ganzen 6 Wochen Therapie mam Antibiotique 'Doxycyclin' war de Carlo wéi neigebuer an huet och nees gefriess wéi eng invitéiert Police.

Romi Roth - Ehrlichios - Begrënnung