De Nicki Feierstein ass e pensionéierten Professer a fréiere President vun den 'Amateurs Astronomes'. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi en zu där seelener Éier op deem Posten koum. Mir ginn gewuer dass de grousse Bier weiblech ass, dass hien net un Horoskoper gleeft. Hien zielt dës Woch, firwat hien no engem Experiment vill Mëllech gedronk huet, wéi hien op der Arbed mat engem Hummer a Liewesgefor gerode war a firwat se nach bis haut an der Handwierkerschoul vum 'Feierstein-Versuch' schwätzen. Piano: Marc Schmidt

09-06-2025 RTL-Afterwork: mam Nicki Feierstein (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Nicki Feierstein iwwer d'Mëllechstrooss a vum grousse Bier. Mir ginn den Ënnerscheed tëscht Astronomie an Astrologie gewuer a firwat hien näischt dovunner hält engem e Stär ze schenken.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen