Hien kennt sech aus mat Stären a Planéiten a kann engem de Phänomen vun der Sonnendäischtert aus dem FF erklären. De Nicki Feierstein ass den Éierepresident vun den Hobbyastronomen an huet als Professer an der Handwierkerschoul geschafft. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten vun der Faszinatioun vun eisem Sonnesystem geschwat, awer och vu sech selwer verzielt. Piano: Marc Schmidt

10-06-2025 RTL-Afterwork: mam Nicki Feierstein (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Nicki Feierstein aus senger Kandheet zu Esch, vum Krich a wéi e mat sengem Papp fir Hëtzes gesuergt huet. Et geet awer och ëm e Revolver, deen hien vum Kleeschen kritt hat, a wéi hien domadder säin éischt Experiment gemaach huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen