
© Patrick Greis
De Nicki Feierstein ass eng Mëschung tëscht Daniel Düsentrieb an Albert Einstein. Als Proff an der Handwierkerschoul ass hien senge Schüler bestëmmt an Erënnerung bliwwen mat all senge Versich an duerch d'Amateurs Astronomes' deenen hire President hir laang Joren war, hu vill Leit d'Faszinatioun vum Nuetshimmel entdeckt a verstoe geléiert. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och déif a senger Kandheet gewullt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nicki Feierstein wéi hien fir d'éischt mat engem Bunsenbrenner ronderëmgedoktert huet. Hien verréit firwat Drogerien haut net méi dat sinn wat se zu senger Jugendzäit waren well een do wierklech alles fräi ze kafe krut, an et geet ëm en Experiment mat Quecksëlwer, wéinst deem en duerno iwwerméisseg vill Mëllech gedronk huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen