
© Patrick Greis
Vum Wiesen erënnert de Professer Nicki Feierstein e bësschen un den Professor Calculus aus dem Tintin, oder op Däitsch den Professer Bienlein. Seng Experimenter an der Handwierkerschoul waren net nëmmen legendär mee och vill Leit a Schoulen, Altersheimer an iwwer Radio an Televisioun si vum Ex-President vun den 'Amateurs Astronomes' un d'Hand geholl ginn, wann et ëm de Sonnesystem geet. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten seng Kandheet awer och duerchliicht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nicki Feierstein wéi hien op der Arbed eng Léier gemaach hat a sech selwer a Liewesgefor bruecht huet. Mir héieren dass hien guer näischt mat Sport um Hutt huet a ginn gewuer wéi en Objet a senger Buedzëmmer net feelen dierf.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen