
© Patrick Greis
Als fréieren President vun der AAL, den 'Astronomes amateurs du Luxembourg' huet de Nicolas Feierstein schonn vill gesinn an erlieft. An déi ronderëm de Nicki wëssen elo op d'mannst, wéi ee mat engem Teleskop ëmgeet a wat een domadder gesäit vu Stärebiller a Planéiten. Am 'Café des artistes' am Gronn goung et dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer net just ëm d'Astronomie, mee och ëm dat Tëschemënschlecht a Problemer op déi hien gestouss ass, an déi hien bal mam Liewen bezuelt huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Nicki Feierstein iwwer eng Erfarung op déi hien gären verzicht hätt, an déi als 'Feierstein-Versuch' an d'Geschicht vum Lycée technique des arts et métiers agaangen ass. Brong Flecken un der Hand an eng zerfriessen Box waren d'Resultat, a mir ginn gewuer op een als Proff e bësschen mëll muss sinn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen