
© Patrick Greis
Astronomie, Planetologie, Astrophysik, Kosmologie dat sinn seng Themen an der Fräizäit als President vun den ''Astronomes amateurs du Luxembourg' laang Jore gewiescht. Als Professer huet hien awer och vill Experimenter mat senge Schüler gemaach, an elo an der Pensioun kuckt hie mat Zefriddenheet op béid Beräicher zréck. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hien un e puer aussergewéinlech Momenter erënnert. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Ombudsman Claudia Monti. Mir gi gewuer, dass si e Megafan vun Fantasyromaner ass, si mécht keen Heel draus e Nuetsmënsch ze sinn a gären ze feieren an huet och näischt géint e gudde Burger, awer ouni Zalot. Als Beruffswonsch goung et vun 'Operesängerin' iwwer 'Indiana Jones' bis 'Mieresbiologin' ier et um Enn d'Robe vum Affekot gouf, a wou se sech bis haut un hiren éischten Mäerder erënnert, deen si enttäuscht huet. Et geet awer och ëm e Stalker, schwiereg Dossiere mat Tréinen als Ombudsman an déi léif Kippercher.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen