Dass net jiddereen e Kierper wéi en Adonis huet, ass kloer. An dass Gene fir villes responsabel sinn, ass och gewosst. Den Dr Marc Keipes, Dokter am GesondheetsZenter op der Gare wëll eis haut drop opmierksam maachen, dass Bauchspeck oder dat sougenannte viszeralt Fett méi geféierlech ass wéi en décken Hënner.

04/06/2025 Gesondheetstipp: Bauchspeck méi geféierlech wéi en décken Hënner

Et favoriséiert Bluttdrock, Zockerkrankheet, Häerz- an Hiereschlag, esouguer en Deel vun den heefegste Kriibse ginn doduercher favoriséiert oder triede méi fréi op, duerch déi Hormoner an aner Substanzen. Et geet do ëm Broscht- Déckdaarm a Pankreaskriibs. Wat maachen also fir et lasszeginn? Laang gouf gesot et soll een Ausdauertraining maachen. Fir d'éischt den Zocker, deen als Glycogen am Muskel gespäichert gëtt, verbrennen fir duerno an d'Fettverbrennung ze kommen.

Et gëtt awer elo nei Erkenntnisser, déi een sech zu Häerz huele soll.

Op der Harvard Uni ass elo erausfonnt ginn, dass et méi Fettverbrennung iwwer de ganzen Dag gëtt, wann ee Kraafttraining mécht. Souguer nëmmen 20 Minutten am Dag. Dat bréngt de Fuerscher no virun allem duerch méi Muskelmass e méi grousse Basis- Grondëmsaz vu Kalorien. Souguer nuets verbrennt 1 Kilo Muskel méi Kalorien, wéi e Kilo Speck, dee mer moies mam Auto mat op d'Schaff matschleefen. Besonnesch Fraen, a besonnesch no de Wiesseljore profitéieren dovunner. Et soll een den Ausdauer-Cardio-Training net komplett sträichen mee 2-3x d'Woch zousätzlech programméieren, da bleiwen mir gesond.