
© Patrick Greis
Wann een de Marc Angel op enger Foto gesäit, dann ass meeschtens e bloe Fändel mat gëllene Stären hannendrun. Den Europadeputéierten a fréieren Vizepresident vum Europaparlament verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch, dass säin Austauschjoer an Amerika hien markéiert huet, beschreift säin Coming-Out bei sengem Papp. Mir ginn gewuer, dass hien beim Luc Frieden an der Klass war, héieren wéini et wichteg ass zu Stroossbuerg an de Reuniounen ze sinn an beschreift, wéi en eng Kéier plakeg um Gank vun engem Hotel stoung. Piano: Marc Schmidt
De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um pensionéierten Professer a fréiere President vun den 'Amateurs Astronomes'. Hien zielt wéi en zu där seelener Éier op deem Posten koum. Mir ginn gewuer dass de grousse Bier weiblech ass, dass hien net un Horoskoper gleeft, an näischt dovunner hält wann een engem e Stär schenkt, ausser et lount sech finanziell. Hien zielt firwat hien no engem Experiment vill Mëllech gedronk huet, wéi hien op der Arbed mat engem Hummer a Liewesgefor war a firwat se nach bis haut an der Handwierkerschoul vum 'Feierstein-Versuch' schwätzen.