Hier markant Stëmm, hiren eegenen Tounfall, hire spezielle Bléck duerch de Brëll, hier rout Hoer. D'Riichterin Barbara Salesch huet eng trei Clientèle déi si mëttes am Programm vum däitschen RTL kucken. Viru kuerzem huet déi rüsteg Madamm hir 75 Joer gefeiert, an dofir huet hire Sender hir e klenge Kaddo gemaach. Sie duerf muer den Owend zur beschter Sendezäit e Prozess leeden. D'Sendung ass an der Këscht a si ass houfreg op d'Resultat.

Barbara Salesch - begeeschtert

'Die Tote im Rhein' heescht et muer den Owend, a wéi bei all Krimi dierf een am viraus net ze vill verroden, mee et gëtt natierlech spannend.

Barbara Salesch - Fall

25 Joer Experienz huet d'Riichterin elo nomëttes schonn um TV-Bockel, awer hei war d'Aarbechtsweis eng ganz aner. Si huet hier eegen Manéier de Public ze fesselen, well si d'Spectateuren och ënnerhält. Nei ass an dësem Fall, dass ronderëm si richteg Acteuren agéieren, awer si behält hir Fräiheeten.

Barbara Salesch - keng Actrice

Wéi en Urteel d'Riichterin Barbara Salesch fält, gesäit een muer um 20h15 bei RTL a bei RTL+. Et ass e Special vun 90', an t'ass net ausgeschloss dass et net bei deem eenzegen Special bleift, virausgesat hir Fans suivéieren si och muer den Owend zur beschter Sendezäit.