
Och eis Hausdéiere kënnen e 'Coup de vieux' maachen, mee et kann een net ëmmer alles op den Alter drécken, oder dach?
Mat senge bal 15 Joer um Bockel war de klenge Jack Russel Fiffi nach beim leschten Impf-RV fit wéi ee vill méi jonke Spunt. An de leschte puer Wochen ass awer opgefall, dass hien bal an engem Stéck ziddert wéi Espelaf! E Fall fir eis Déierendoktesch Romi Roth.
Am Ufank hate seng Leit gemengt, et wier well et jo awer nach heiansdo kal a naass dobaussen ass an de Mippchen dowéinst vläicht eng Zort Rheuma erwëscht hätt. Hien huet en och vill méi gedronk a manner wéi soss gefriess. Wéi bei aneren Déieren - an am Fong jo och bei eis - kann esou e Muskelzidderen oder am medezinesch-wëssenschaftleche Jargon, en 'Tremor', nawell vill Ursaachen hunn. Grad bei villen Terrier-Rassen gëtt vu Gebuert un esou vill geziddert, dass d´Ziichter schonn ee fixen Terme derfir hunn. Esou een „Terrier-Shivering“ ass deemno méiglecherweis genetesch bedéngt.
Mä bei ale Muppen, och vun anere Rassen zidderen dach och gär emol virun allem déi hënnescht Patten?
Dat kënnt da well mam Alter d´Nervebunnen, déi d´Muskelen - och wa grad keng Beweegung ass - an enger gewëssener Basis-Spannung hale sollen, méi schwaach ginn an där Funktioun net méi richteg nokommen. D´Muskele gräifen dann ëmmer erëm no, wat no baussen als Zidderen eriwwerkënnt. Beim Fiffi, deen net just hannen mä um ganze Läif geziddert huet wéi Wibbeldewapp, war d´Ursaach awer ee Wuerzelabcès vun engem hënneschte Bakenzant, deen schonn an de Mond era gëeetert a sécher ferm wéi gedoen huet. Nodeem s dem ale klenge Ritt seng Salle-à-Manger nees an der Rei war, war säi Gezidders bis op e klenge Rescht um hënneschte Laf ganz fort.