
© Widdebierglaf
Dëse Samsden gëtt erëm zu Menster gelaf: De Widdebierglaf geet an déi nächst Ronn!
De Philippe Hoffmann, Präsident vun der Widderbiergfrënn a.s.b.l., iwwer d’Geschicht vun dësem traditionelle Benefizlaf:
"Et handelt sech mam Widdebierglaf ëm e Vollekslaf, queesch duerch Menster an natierlech och, wéi den Numm et seet, iwwert de Widdebierg. Dëst ass richteg, de Widdebierglaf huet e laangen Historique, an den Achtzeger Joren hat d'Menster Jugend schonn d' Iddi eng Stroossecourse ze organiséieren. Vun eenanachzeg bis nonzéngdräiannonzeg goufen et dofir insgesamt 13 Editiounen, deemools war de Laf awer och nach fofzéng Kilometer. 2013 hate mir zu enger Handvoll Frënn d' Iddi de Laf nees opliewen ze loossen a mir si mëttlerweil bei der eelefter Editioun ukomm."
Den Depart vum Haaptlaf ass um 18 Auer beim Centre Culturel Menster. Wéi kënnt een dann dohinner?
"Also, et gëtt effektiv e Parking, deen ass och net weit ewech vum Depart. D'Vestiaire kann ee beim Fussballterrain op Bierk zu Menster huelen a mir bidden och nom Laf eng gratis Navette un, fir dass d' Leit dohi gefouert ginn. De Laf gëtt eng Haaptcourse, déi geet iwwer zéng Kilometer an déi féiert awer och deelweis duerch de Bësch. Mir schwätzen hei vun enger Streck mat engem Trail Charakter. Parallel dozou bidden mer awer och eng kuerz Variant vu 5,5 Kilometer un, déi sech och mëttlerweil als populär Alternativ etabléiert huet."
Vun ambitionéierte Leefer bis hin zu Famillje mat Kanner – jidderee fënnt hei seng Platz.
"Jo richteg, mir bidden zwee Kannerleef un. Dat ass engersäits fir d'Joergäng 2016 bis 2019 eng Course vun engem Kilometer an da fir d'Joergäng 2010 bis 2015 eng Distanz vun 1,4 Kilometer."

© widderbierglaf
Och wärend an nom Laf ass fir gutt Stëmmung gesuergt.
"Nom Laf, sou géint hallwer aacht, ass dann d' Präisiwwerreechung, duerno gëtt et dann nach e Volleksfest mat Gedrénks, Iessen an och Livemusek vun der Band May B2."
Zënter dem Ufank leeën d’Organisateure vum Laf grousse Wäert op Nohaltegkeet sou de Philippe Hoffmann:
"Mir setze bewosst op d' Material, wat mer nach eng Kéier kënne benotzen, eis Produite kommen esou wäit wéi méiglech aus biologescher Landwirtschaft, fairem Handel an och aus der Regioun. An dofir schaffe mer och dëst Joer drun, dass de Widdebierglaf rëm ënner d' Label Green Events leeft. Donieft encouragéiere mer d'Leit awer och, mat dem ëffentlechen Transport ze kommen, mir hunn e Bus Arrêt, deen eigentlech 101 Meter vum Depart ewech ass, an natierlech soe mer och de Leit ze solle wa méiglech Covoiturage maachen."
Wann een sech nach umelle wëll, kann een dat nach haut bis den Owend aacht Auer iwwert den Internetsite widdebierglaf.lu maachen. Och den Dag sëlwer vun hallwer véier un ass et nach méiglech sech sur Place am Centre Culturel fir de Laf anzeschreiwen.
"D' Wieder gesäit elo gutt aus fir Samschdeg a mir freeën eis natierlech op vill motivéiert Leefer a Leeferinnen an natierlech och begeeschtert Zuschauer an Zuschauerinnen. Dat Ganzt fir zesummen e flotten a sportlechen Dag ze erliewen."

© widdebierglaf