De Numm ass schonn Programm. De Nicki Feierstein ass e pensionéierten Professer a fréiere President vun den 'Amateurs Astronomes'. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi en zu där seelener Éier op deem Posten koum. Mir ginn gewuer dass de grousse Bier weiblech ass, dass hien net un Horoskoper gleeft. Hien zielt dës Woch, firwat hien no engem Experiment vill Mëllech gedronk huet, wéi hien op der Arbed mat engem Hummer a Liewesgefor gerode war a firwat se nach bis haut an der Handwierkerschoul vum 'Feierstein-Versuch' schwätzen. Piano: Marc Schmidt

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Ombudsman Claudia Monti. Mir ginn gewuer dass si e Megafan vun Fantasyromaner ass, si mécht keen Heel draus e Nuetsmënsch ze sinn a gären ze feieren an huet och näischt géint e gudde Burger, awer ouni Zalot. Als Beruffswonsch goung et vun 'Operesängerin' iwwer 'Indiana Jones' bis 'Mieresbiologin' ier et um Enn d'Robe vum Affekot gouf, a wou se sech bis haut un hiren éischten Mäerder erënnert, deen si enttäuscht huet. Et geet awer och ëm e Stalker, schwiereg Dossieren mat Tréinen als Ombudsman an déi léif Kippercher.