
E klenge Petzi eruewert d’Welt. Wat e bëssen un de fréieren Furby erënnert ass den neisten Trend aus China a verbreet sech wéi e Feier. Eis Korrespondentin Anne Wang wunnt zu Shanghai an ass mattendran am Phänomen Labubu.
Wuscheleg, e wëlle Bléck, a néng spatz Zänn--de Labubu ass a kierzter Zäit vun enger Spillsaach zum momentan wuel populäersten Moude-Accessoire ginn. Tëscht 15 a 25 Euro kascht dat faarwegt Monster, mee wéinst extremer Demande weltwäit ass de Petzi chronesch ausverkaaft a gëtt online zu Wucher-Präisser ugebueden.
Verkaf ginn d'Labubuen offiziell vu Pop Mart, enger chineesescher Chaîne. Dat besonnescht: se ginn a sougenannte "Blind Boxen" verkaf, iwwersat also blann Këschten. Dat heescht et keeft een eng Këscht aus enger bestëmmter Kollektioun ouni awer genee ze wësse wéi ee Modell a wéi eng Faarf sech dra befënnt. Meeschtens gëtt et e Choix vu 5 bis 6 Stéck, dacks mat enger Special Edition. D'Konzept Blind Box ass a China awer näischt Neies, d'Freed um Sammelen an d’Opreegung vun enger Iwwerraschung begeeschtert d'Populatioun zënter laangem.
Duerch TikTok an #labubu huet sech de Blind Box Trend och weltwäit ganz séier ausgebreet. Millioune kucken Influencer derbäi no wéi se hier Këschte live opmaachen an iwwerrascht ginn. Popstare wéi d’Rihanna oder och d’Lisa vun der K-Pop Band Black Pink si scho mat Labubuen un hire Posche fotograféiert ginn.
Baussent China ginn et nëmme wéineg Butteker déi se verkafen, wat dozou féiert dass sech virun den Dieren alt ganz laang Schlaange forméieren. An England hunn d’Geschäfter vu Pop-Mart d’Vente vu Labubuen bis op Weideres gestoppt, well et an de Butteker zu Ausernanersetzungen tëscht Clientë koum.
De Labubu-Trend bréngt och sekundär Mäert mat sech, sou kann ee mëttlerweil souguer Kleeder an aner Accessoirë fir de Petzi kafen. A wann ee kee Labubu erwëscht kann een sech ee fir en Dag lounen.
An et hält nach laang net bei de klenge Monsteren op. Pop Mart verkeeft nach zeg aner Spillsaachen. A wann een dem Succès vu Labubu gleewe kann, ass et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis och Crybaby, Skullpanda a co. bei eis ukommen.