
Entweder dir gehéiert derzou, oder dir gesitt se reegelméisseg laanscht lafen. Rieds geet vun den 'Jogger' mat hirer Joggingsbox. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare stellt eis awer haut eng aner Method vir, déi net nëmmen anescht heescht mee och no engem aneren Prinzip funktionéiert, de 'Slow Jogging'.
Dës Laftechnik kënnt aus Japan an et geet virun allem ëm de Gesondheetseffekt. Och fir Lafufänger ass dee Mix aus goen an joggen eng besser Alternativ, wéi direkt mat engem héijen Laftempo ze starten. Beim 'slow jogging' geet et drëm, vill kleng Schrëtt ze maachen, bis zu 180 an der Minutt, also 3 pro Sekonn. E bësschen komesch gesäit et schonn aus, an ech maachen et bis elo och nëmmen um Lafband. Duerch déi Mëschung vu lafen a goen ass dës Technik méi douce fir d'Gelenker, well een eben net spréngt wéi beim lafen, an da mat der Feescht aus der Loft nees erof plumpst mat Ki déi an de Fouss, op de Knéi, op d'Hëft a bis dohinner an d'Wirbelsail eriwwer gedroen ginn.
Wat opfält dat sinn also déi kleng Schrëtt.
Déi Trëppelschrëtt forcéieren een, mam Mëttelfouss opzekommen, an dat ass natierlech bei Leit, mat Iwwergewiicht besonnesch wichteg, well do sinn déi Schocken beim opkommen, beim klasseschen Jogging vill méi grouss. Ofhuelen geet awer och mat dëser Technik, trotzdeem dass d'Effektivitéit manner ass, well et brauch een dofir dann einfach e bësschen méi laang fir déi selwecht Zuel u Kilometer. A Runner's high ass anscheinend och exklusiv. Probéiert et emol, da bleift dir gesond.