
© Patrick Greis
8 Joer war d'Claudia Monti Ombudsman, e Mandat dat Enn Abrëll ausgelaf ass. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass si e Megafan vun Fantasyromaner ass. Si mécht keen Heel draus eng Nuetseil ze sinn a gären ze feieren an huet och näischt géint e gudde Burger, awer ouni Zalot. Als Beruffswonsch goung et vun 'Operesängerin' iwwer 'Indiana Jones' bis 'Mieresbiologin' ier et um Enn d'Robe vum Affekot gouf, a wou se sech bis haut un hiren éischten Mäerder erënnert, deen si awer enttäuscht huet. Et geet awer och ëm e Stalker, schwiereg Dossiere mat Tréinen als Ombudsman an déi léif Kippercher. Piano: Marc Schmidt
16-06-2025 RTL-Afterwork: mam Claudia Monti (Méindeg)
Muer géint 17h15 gëtt d'Claudia Monti zou, dass si net kachen an och net sange kann, dofir huet se awer einfach geléiert an zu Stroossbuerg wärend der Studentenzäit och gutt a laang gefeiert.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies