De Bachelor ass zréck op RTL. Just, dass fir déi 15t Staffel alles aneschter ass. Nodeems de Paul Jahnke gefillt jidderengem als Bachelor an Erënnerung bliwwen ass, och wann hien an Däitschland eréischt bei der 2ter Staffel opgedaucht ass, an nodeems d'lescht Joer am Dezember de Golden Bachelor als éischten Rousekavaléier iwwer 60 op der Televisioun ze gesinn war, verdeelen dës Kéier nees zwee Männer Rousen, allebéid sinn se awer och Papp an hiert eenzegt Ziel ass et déi richteg Fra ze fannen.

Die Bachelors - Iwwerraschung

Dierf ech virstellen de Fotograf Felix Stein an de Versécherungsfachmann Martin Braun.

A Südafrika hu sech déi zwee begierten Single-Männer op d'Sich gemaach an alles op eng Kaart gesat, déi vun der Léift. Mee firwat a sou engem Format a firwat elo?

Die Bachelors - Firwat sou e Format?

Se waren allebéid schonn emol bestuet, a sinn Papp. Stellt sech d'Fro. Siche se dann elo net just d'Fra vum Liewen mee och eng nei Mamm fir d'Kanner?

Die Bachelors - op der Sich

Wann een dat do sou héiert versprécht et nees ze knisteren a romantesch ze ginn, a vun e Mëttwoch kann een um däitschen RTL matféiweren an tippen wien eng Rous kritt, a wien eidel ausgeet. Wien et bis dohinner awer net erwaarde kann, deem bitt sech d'Méiglechkeet och elo schonn op RTL+.