Eng Geschicht déi engem op de Mo schloe kann huet d'RTL Déierendoktesch haut matbruecht. Se spillt an däer wonnerschéiner ZäIt an däer mir de Moment sinn, an dir wäert och gläich mierken firwat et wichteg ass dat ze preziséieren.

D´Laika, eng mat hire siwe Joer nach ëmmer ganz vital Däitsch - Schéifemudder, hat an de leschte 6 Wochen reegelméisseg Duerchfall an och emol de Mo op der Kopp. Viru Kuerzem hat si scho misse wéinst enger Tumeur un de Mämmercher operéiert ginn, natierlech hunn hier Leit elo gefaart, déi Saach hätt mëttlerweil uechtert de Bauch gestreet. Mais weder an de Blutt- a Stullanalysen, nach op de Röntgen oder mam Ultraschall war vill aneschtes ze gesinn wéi dass dem Déier säi Mo, den Daarm an och d´Liewer e bëssen entzünt waren. Dernieft ware seng Nieweniere-Wäerter just e bësse niddereg, wat d´Ursaach kënnt sinn, dass d´Laika och soss op all Klengegkeet esou staark reagéiert.

Romi Roth - Gëfteg Planzen um Balcon - Geschicht

A wann de Mupp einfach ee Parasit erwëscht hätt?

Mais den Ausléiser fier dem Laika séng Verdauungsproblemer war net parasitär mee éischter botanesch. Op enger Foto vum him um Balcon waren och Jardinièren ze gesinn. Strubbelvoll mat leider fir Honn (an iwwregens och fier aner Déieren.. a kleng Kanner) esou gëftege Balconsblummen, dass d´Planzefamill botanesch carrement 'Hundsgiftgewächse' heescht. D´Blumm vun däer d´Mudder hei reegelméisseg Pollen a Bléieblieder vu de Patten geleckt huet, heescht méi speziell 'Dipladenia', och nach 'Mandevilla'. Op der selwechter Terrass haten  dem Laika seng Leit och en etlech grouss Dëppen mat 'Oleander' oder 'Laurier rose', stoen. D´Substanzen, déi déi Planzen gëfteg maachen ginn déckevoll duer fir dem Hond seng Modaarmproblemer ze erklären.

Romi Roth - Gëfteg Planzen um Balcon - Explicatioun

Am Fong ass et just e Wonner, dass déi Muppepatientin iwwerhaapt nach um Liewen ass.