
© Patrick Greis
Déi wéinegst kennen wuel dem Fernand Guelf seng Bicher mat Essayen a Romaner wéi 'Ich kann nur am Anfang oder am Ende der Welt leben' oder 'Sage dem König', dofir kennen der wuel méi seng Menüskaart am klenge gemittleche Restaurant um Kierchbierg. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng eegen Liewensgeschicht mat allen Héichten an Déiften opgedëscht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 bliedert de Fernand Guelf a sengem Buch 'Auf der Suche nach Konrad' dat zu Berlin spillt, an zielt, dass hien e bësschen d'Flemm mat der däitscher Haaptstad huet wéinst allem wat de Moment do passéiert. Hien beschreift wat hien u Spuenien schätzt, wou e sech elo éischter ophält an seet, dass hien schonn moies um 4 opsteet fir en Tour vun 10km mat sengen Hënn ze maachen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen