
© Patrick Greis
De Fernand Guelf huet sech ëmmer nees nei erfonnt, ob als Radiosanimateur, Kach, Restaurateur, Schrëftsteller oder Philosoph, awer och als Sänger a Charmeur, krut hien alles ënner een Hutt. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng Spiichten verzielt, op déi hien haut net méi alleguer houfreg ass, awer déi hien als Mënsch ausmaachen. Seng Qualitéiten als Auteur, wou hien och ganz aktiv ass, sinn net sou grand public. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Fernand Guelf dass hien als staarken Fëmmert vun engem Dag op deen aneren opgehale huet, nodeems en eng gutt gehalen hat. Mir héieren firwat hien net Guide am Palais wëllt sinn a wat hien vun Hoertransplantatiounen hält.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen