
© Patrick Greis
De Fernand Guelf ass e Restaurateur mat engem gudde Bagage, well no der Primärschoul zu Waasserbëlleg an der Bullett zu Iechternach huet hien Germanistik, Philosophie, Geschicht a Literaturwëssenschaften zu Lëtzebuerg, Saarbrécken an Tréier gemaach ier hien 2010 op der Philosophescher Fakultéit zu Berlin promovéiert huet. No senger Zäit bei RTL huet hien sech an d'Gastronomie gestierzt där hien och haut um Kierchbierg nach ëmmer trei bliwwen ass. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hien och liicht mat hire Froen gegrillt. Piano: Marc Schmidt
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Direkter vum ACL Daniel Tesch, deen och 8 Joer fir d'Arbed a Brasilien geschafft huet a sech elo als Restaurateur e Numm gemaach huet. Hien zielt firwat hien deemools als Direkter huet missten zrécktrieden a firwat et mat senger klenger Revolutioun an der Taxisbranche näischt gouf. Mir héieren, dass seng Fra bei 'Fade to Grey' déi weiblech Stëmm war, hien verréit firwat seng Karriär am Rugby eng kuerz war a ginn gewuer dass de Maître Vogel geleeëntlech mat Waasserfläschen no him geheit huet.