
© Clyde Phillips Productions, Counterpart Studios, Salcentric
Mat der Serie vun haut kënnt eng Kultfigur aus dem Serienuniversum zréck, nämlech de Seriëkiller Dexter Morgan.
Den Dexter Morgan ass ee Seriëkiller a Psychopath, deen als Bluttexpert bei der Police zu Miami schafft a Krimineller ëmbréngt. D'Serie ass vun 2006 bis 2013 gelaf an et fënnt ee se säit enger gewësser Zäit op Netflix. Well de Schluss vun Dexter ee vun den enttäuschendsten an der Geschicht vun de Serien ass, gouf et 2022 e Spin-off als Sequel, fir d'Fanen e bëssen ze versönen. Säit et se op Netflix gëtt, gëtt et erëm eng gewëssen Euphorie, och bei enger neier Generatioun, an dat huet zu enger Zesummenaarbecht mat Paramount+ gefouert.
D'Resultat ass Dexter-Original sin, e Prequel, also d'Virgeschicht zu der Originalserie. Wéi ee sech dat virstelle muss, gesitt dir am Trailer.
Dexter-Original sin ass mat vill Léift zum Detail a Respekt zu der Originalserie gemaach ginn. An och wann ee vill Elementer vun der Virgeschicht kennt, rappt et ee mat. Als Erzieler hu mir nach ëmmer d'Stëmm vum Originaldexter an all d'Haaptpersonnagë sinn dobäi, just an enger méi jonker Versioun. An dann huet een och dräi renomméiert Schauspiller, verschiddener huet ee scho laang net méi gesinn: D'Sarah Michelle Gellar, alias Buffy, de Patrick Dempsey alias Dokter MCdreamy aus Grey's Anatomy an och de Christian Slater.
Eppes komplett Neits soll ee sech awer net erwaarden, d'Prinzippie vun Dexter ginn iwwerholl. Mä wien dat gär huet, wäert Original Sin och gär kucken. Streame kann ee se an Moment nach net iwwert déi grouss Plattformen, kafe kann ee se awer.
Grouss Fane kënne sech dann och freeën, d'Suite vun Dexter-New Blood mam Numm Resurrection leeft och geschwënn un.