Haut a muer sinn zu Schwéidsbeng bei der Schengen Marina zwee Deeg laang flott Musek a gutt Iessen ugesot. Den Owend ass de Musik Tattoo a muer de Beef Meets Music Festival.

11/07/2025 BeefMeetsMusic

De Patrice Klein, Präsident vun der PASY a.s.b.l, iwwert de coolen awer dach aussergewéinlechen Numm vum Festival Beef Meets Music:

"Dohannert stécht am Fong dat, wat mer och dee Weekend hunn, mir hunn de Festival, deen awer zwee Deeg geet. A vu, datt mer eng kleng Kou vu véierhonnert Kilo op de Grill leeën, déi freides moies um fënnef awer mat engem Bagger opgeluecht gëtt, wärend sechsandrësseg Stonnen um Grill läit, muss déi natierlech bespaasst ginn a fir datt mir nach net langweileg do sëtzen, héiere mer e bësse Musek."

Vu Saxophon bis Rock Musek, de Programm ass ganz villfälteg.

"Also freides hu mer de Luxembourg Music Tattoo. Do gitt der net tätowéiert, mee dat ass vum Wuert Tap-the-tout-toe hiergestaamt. An do maache mer Musek vun owes aacht Auer, ongeféier e Programm vu plus minus dräi Stonnen, mat verschidde Museken, natierlech Pibes and Drums, Fanfaren, Saxophon Musek, Rockabillymusek, franséisch Chanson, also et ass fir jiddwereen eppes do dobäi. A Samschdes si mer dann um rockegen Deel. An do si mer bei Bottlenecks zum Beispill, Blues- a Rockgrupp. Mir hunn zwou Coverbanden, eng heescht den Noise Makers aus Lëtzebuerg, gutt bekannt. An dann hu mer nach dertëschent Rockabilly mat The Gambles aus dem Saarland."

Iwwer Iessen a Gedrénks brauch ee sech also keng Gedanken ze maachen. Nieft dem Fleesch steet och eng vegetaresch Optioun um Menü.

"Déi zwee Deeg ginn et natierlech déi normal Grill Saachen. Mir hunn awer och nieft der Kou, déi just samschdes zerwéiert gëtt, hu mer awer och fir eis vegetaresch Leit eppes, an zwar kréie mer do chineesesch Nuddelen zerwéiert mat Geméis, datt och do jiddwereen eppes z'iesse gëtt."

Fir gutt Stëmmung ass ob alle Fall gesuergt, Patrice Klein:

"Dee leschten Tattoo war 2010. Mir hunn elo fofzéng Joer dorop gewaart, fir emol rëm eng Kéier een op Lëtzebuerg ze kréien. E wonnerschéine Site, mir hunn eng extra Beliichtung, och deen Owend mat gutt Stëmmung, schéi Musek."

Weider Informatioune iwwer Ticketen an Transport fannt Dir op

. De Link steet och och op

.

RTL

© Patrice Klein

RTL

© Patrice Klein