Fir dass eng Vakanz schéin a relax gëtt, muss ee se richteg plangen. Net nëmmen d'Destinatioun, de Programm an d'Wallis mat de Kleeder sollt een am viraus richteg zesummesetzen, mee et soll een och u seng Gesondheet denken, an do huet den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare eng kleng Reesapdikt gepaakt.

Fir an de Ruanda zB braucht dir Malariapëllen, eventuell Impfungen, mee och ouni déi spezifesch Saachen fir exotesch Länner gëtt et eng Lëscht vu Medikamenter, déi der besser mathuelt, wann der méi wäit fuert wéi Arlon-Plage. Wann der schonn längerfristeg Pëllen géint eng chronesch Erkrankung wéi zB Bluttdrock huelt, denkt drun déi anzepaken, well am Ausland krit dir der zwar no, mee dir misst warscheinlech lokal bei den Dokter fir se verschriwwen ze kréien. Huelt der méi mat wéi Deeg Vakanz sinn, well et kënnen Delaien ginn, dir kënnt der verléieren, an all dat bréngt mat sech, dass der misst ënnerbriechen.

Dr Marc Keipes - Reesapdikt - jee no Destinatioun

An dann gëtt et nach e puer sou allgemeng Saachen, déi net vill Plaz huelen an Iech awer vill Misär an Zäit am Noutfall erspueren.

Huelt eppes géint Wéi a Féiwer mat, also zB Paracetamol an Ibuprofen. E Mëttel géint Duerchfall ass och gutt, well dat geet jo ëmmer op engem Sonndeg oder engem Feierdag lass. Wann et Iech schlecht gëtt op de Reesen, schwätzt mat ärem Dokter oder Apdikter fir déi néideg Pëllen. E Féiwerthermometer ass nice to have, zanter Covidzäiten, eventuell eppes fir de Mo, wann den Chili con Carne ze schaarf war. Insektespray an eben och eppes wann der schonn gepickt gi sidd. Desinfektiouns- a Verbandsgeschier a klenge Verpackungen ass och gutt derbäi ze hunn.

Dr Marc Keipes - Reesapdikt - géint Wéi a Féiwer