© Patrick Greis
'Direkter vum Lëtzebuerger Automobilclub', war vun all de Funktiounen déi den Daniel Tesch bis elo hat, déi visibelst, bis et Enn 2013 zu Divergenzen koum an de Clash inevitabel war. Mat der Konsequenz, dass den ACL sech e neien Direkter huet misste sichen. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten natierlech och deen brisante Punkt op hirem Plang gehat, mee hunn awer virdrun en Tour ronderëm Paräis a virun allem Iechternach gedréint. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Daniel Tesch firwat seng grandios Iddi fir den Taxisystem zu Lëtzebuerg ze revolutionéieren an d'Box gaange ass. Hien verréit méi iwwer seng schéin Zäit, wou hien fir d'Arbed a Brasilien geschafft huet an ass iwwerzeegt, dass een all 10 Joer besser huet eppes anescht ze maachen, well et dann automatesch zu Spannungen kënnt.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen