© Patrick Greis
A Clausen huet den Daniel Tesch e brasilianesche Restaurant a bei der Arbed huet hien och geschafft. Säin Stage als Affekot huet hie beim Maître Vogel gemaach, awer am meeschten am Gespréich war hie wärend senger Zäit um Steierrad vum ACL, oder vill méi wéi hien de Posten als Direkter huet misste botzen, an engem aneren Plaz gemaach huet. Am 'Café des artistes' am Gronn ass hien nach emol op all déi Storyen zréckkomm an huet dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng Versioun vun de Faiten erzielt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Daniel Tesch wéi geféierlech et an der Zäit a Brasilien war, fir de Portmonni geklaut ze kréien. Mir héieren ob et hien nach emol zréck an d'Politik zitt an héiere wéi hie sech kleet, an do och alt emol Saache vun der verstuerwener Schwéiermamm undeet.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen