11 Joer hat den Daniel Tesch sech um Direkteschstull am ACL gehalen, an du gouf hien ofgeseet, well hie sech bei de Chamberwalen 2013 op der DP-Lëscht ageschriwwen hat, an do war sengem Conseil no d'Neutralitéit vun deem Posten a Fro gestallt. Mä och fir de Recht war et a sengem Liewen ni langweileg. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten en Affekot begéint, deen 1 Joer viru senger definitiver Pensioun all déi al Chantieren opgeraumt a mat sech an der Welt Fridden geschloss huet. Piano: Marc Schmidt

18-07-2025 RTL-Afterwork: mam Daniel Tesch (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit den Daniel Tesch wat hien als fréieren Direkter vum ACL vun E-Autoen hält. Hien zielt firwat hien net bei de Barber geet a mir ginn méi iwwer seng Start-up gewuer, déi hien elo rezent opgemaach huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen