Den Daniel Tesch ass rau a schlau gewinnt. En huet e Stage vun engem Joer beim Maître Vogel an der Etude iwwerlieft, war 8 Joer fir d'ARBED a Brasilien an dunn 11 Joer als Direkter beim ACL, bis dass seng Stonn op deem Posten geschloen hat an hien wärend enger Déngschtrees ëffentlech ugezielt gouf. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten all déi Etappen ugeschwat, an hunn och Wäert op de Mënsch geluecht deen hannert dësen mouvementéierten Zäiten stoung. Piano: Marc Schmidt

19-07-2025 RTL-Afterwork: mam Daniel Tesch (Samschdeg)

De ganze Podcast gëtt et elo op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Dee nächsten Invité am RTL-Afterwork ass de Johny Goudenbour, dat allerdéngs eréischt e Méindeg 8ten September. Sou laang mécht den RTL-Afterwork hei um Radio Paus. Profitéiert awer gären dovunner um RTL Play eng Kéier duerch Podcasten aus de leschte 5 Joer ze scrollen an dir faalt bestëmmt op deen een oder aneren deem der gären 3/4 Stonn nolauschtert fir méi iwwert en gewuer ze ginn.

RTL