Op zwee Rieder iwwert wonnerschéi Stroossen, duerch pittoresk Landschafte fueren an Europa op eng onvergiesslech Aart a Weis kenneléieren. An fir all Kilometer dee mam Motorrad gefuer gëtt gi Sue gesammelt déi dann u verschidden Hëllefsorganisatioune gespent ginn.

21/07/2025 Moto Reesen

De Bruno Pinho, Grënner vu Bruno Motorcycle Tours, ass passionéierte Motorrad Fuerer.

"Majo, fir mech ass, um Motor ass et einfach esou, dass een alles vill méi intensiv erlieft. Dat heescht, et gëtt mer e Gefill vu Fräiheet, et richt een alles vill méi intensiv. Déi frësch Loft, déi engem an d'Gesiicht bléist an esou weider. Also et ass effektiv méi wéi en Hobby. Et ass wierklech eng Passioun u sech. Awer och déi Erausfuerderung, fir bei all Wieder, Kilometer fir Kilometer sécher un d' Zil ze kommen, reizt mech och ëmmer. Nees op en Neits, dat heescht, egal ob elo bei 35 Grad a Spuenien oder bei schroem Reen a Schottland. All Tour huet säi Reiz."

Säin Zil dëst Joer ass et op deene verschiddene Touren am ganzen 7500 km ze fueren. Fir all km dee gefuer gëtt, gëtt 1€ gespent fir op eng Zomm vu 7500€ ze kommen. Wou geet et dann iwwerall hin?

"Also et ass esou, mir hunn elo fir dëst Joer véier Tier geplangt. Zwee dovunner si scho fäerdeg. Am Mee si mer ee Weekend duerch Lëtzebuerg gefuer. Laanscht d'Musel. An de Mëllerdall erop. Duerch dat ganz Éislek. Bis erof an den, an de Minett. Déi zweet Tour, do si mer elo d'lescht Woch erëm. Dat heescht, do ware mer an d' Schwäizer Alpe gefuer. Bis an Italien erof. Sinn ënner anerem duer de Fuerca Pass, de Gothar Pass, de Stelvio Pass. An da vum 31. Juli bis den 9. August steet eis Route des Grands Alpes um Programm. Dat heescht, do fuere mer dann duerch déi Franséisch Alpen erof, bis op d' Côte d'Azur. An duerno geet et iwwert de Vercors zréck erop op Lëtzebuerg. Déi lescht Joer, dat ass dann am September vum 17. bis de 24. September. Do geet et dann a Schottland eriwwer. Wierklech bis an den héijen Norde vu Schottland, duerch d'Highlands. Bis op déi nërdlech Stad oder Uertschaft souzesoen, vum Festland. Dat ass dann John O'Groats heescht déi, déi Uertschaft."

Wat stécht da genau hannert dem Projet "Ride for Change", Bruno Pinho?

"Majo, et ass esou, fréier hunn ech ganz vill eigentlech just no mir gekuckt. Et sinn nach ëmmer vill gereest, mam Moto och. Mee déi Chance huet net jiddwereen. Déi Sue solle gespent ginn un dräi verschidden Associatiounen. Eng dovunner sinn d' Street Angels ASBL. Déi zweet Associatioun ass d'Fondatioun Wonschstär. An zu allerlescht, well ech och en immens groussen Déierefrënn sinn, och Frida ASBL."

Weider Informatiounen fannt Dir op

Fir Fotoen vun de Moto Reesen kuckt op