Den 20. September ass déi 2. Seefekëschte Course zu Jonglënster, an den Dag duerno déi 19. Course zu Déifferdeng. Am Kontext vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Jugendhaus Déifferdeng an der Sportskommissioun Jonglënster gëtt et dann och dëst Joer fir déi éischte Kéier en Nationaalt Seefekëschten Turnéier.

22/07/2025 Seefekëschte Cours

Den Tim Holbach, vum Jugendhaus Déifferdeng, iwwert d’Reegele bei sou enger Seefekëschte Course.

"Ma wann een op de Seefekëschte Renne wëll deelhuelen, genau wéi Jonglënster, wéi och bei eis zu Déifferdeng, mir hunn nämlech e gemeinsame Reglement, muss een e bëssen drop oppassen op d' Seefekëschten, éischtens mol, wann ee se selwer baut, op gewësse Gréissten, dass net den Offstand ze grouss ass, d'Këschten net ze breet, an dass op alle Fall net gefuddelt gëtt an een ee Moto dran ass. Dat gëtt och, wéi gesot, alles sur Place virun der Course eng Kéier gekuckt. Wat soss awer wichteg ass, et muss een am Fong tëschent sechs Joer sinn, bis ganz grousse Sputt no uewen. Sechs Joer soe mer, wann ee sech wuel fillt, mat fueren, mat lenken a bremsen, well dat ass net ëmmer sou evident. A soss, wat nach wichteg ass, e Fullface Kask muss een undoen. Dat heescht, et geet net duer e Vëloshelm, mee et muss schonn e Motoshelm sinn, dass wierklech alles protegéiert ass, och de Kënn, an dann am beschten Händchen a laang Kleeder."

Bei deem Tournoi geet et änlech wéi bei der Formel 1 zou.

"Genau, also et ass schonn e bësse wéi op der Formel 1, dat heescht, d' Coureure kënnen entweeder just zu Jonglënster matmaachen oder just zu Déifferdeng, awer eeben och beim Championnat, dat heescht, déi mussen da Samschdes op Jonglënster goen an den Dag drop op Déifferdeng, alles schéin an e Weekend verpaakt an da gëtt et e Punktesystem, genau eebe wéi gesot bei der Formel 1, dat heescht, zu Jonglënster gëtt een zum Beispill éischten, da kritt e maximale Punktzuel an wann ee bei eis op Déifferdeng kënnt, da kritt een op der zweeter Plaz e puer Punkte mann an da kucke mer den Overall Winner."

Wien elo interesséiert ass un de Coursen Deel ze huelen, deem bleift nach genuch Zäit fir sech seng Seefekëscht selwer ze bauen. Et stinn awer och scho fäerdeg gebaute Seefekëschten zur Verfügung, Tim Holbach.

"Genau, also mir sinn ëmmer frou, wann ee ganz kreativ ass a mat senger eegener Seefekëscht kënnt, mee mir vum Jugendhaus an och zu Jonglënster, mir hu gewëssen Seefekëschte scho prett do stoen, dat heescht déi kann een, wann een urifft, sech bei eis mellt, siche kommen an déi och dekoréieren, respektiv mir schaffen och heiansdo mat Maison-Relaisen oder mat Lycéeën zesummen, wéi elo de Lycée Émile Metz zu Dummeldeng an och zu Déifferdeng, déi wou eis e bëssen hëllefen an déi ganz Seefekëschten oppeppen, wat elo Brems a Lenkung ugeet. Souguer den Dag selwer, wann Seefekëschten nach disponibel sinn, kann een einfach laanschtkommen a soen, ech géif mech gären umellen. A wéi gesot, wann eng Seefekëschten nach fräi ass, dann dann ass dat dann är."

Fir weider Informatiounen, kuckt op

respektiv op