Wou kritt een am beschte vegetaresch ze iessen, déi beschte Pizza oder de beschte Sushi, och RTL kann esou Lëschten virweisen. RTL User ginn hir Tipps weider a mir stellen domadder dann e Ranking op.
RTL sinn net déi eenzeg, déi dat esou maachen, do ass och zum Beispill de Magazin „Time Out“, deen d'Nues wäit vir huet, wann et ëm kulinaresch Recommandatiounen geet.

23/07/2025 A wat fir enger Stad ësst een am beschten?

An engem neie a rezente Ranking sinn dann och net d'Experten an d'Michelinsstären déi dës Lëscht zesumme gestallt hunn, mä fir de „World’s 20 best cities for food“ goufen 1000ende Mënschen iwwert d'Iessen an hirer Heemechtsstad befrot .

An dës Lëscht kënnt jo elo genee richteg, wie wëll a senger Vakanz net gutt iesse goen an och mol eppes Neies kenneléieren.

Gutt Qualitéit a räsonabel Präisser ware wichteg nieft 18 verschiddene Krittären, wéi och familljefrëndlech oder experimentell. Och an d'Bewäertung an d'Meenung vun engem Experte-Panel aus „Time Out“-Redakteren a Restaurantkritiker sinn do mat agefloss. Da goufen nach „Time Out“ Food-Auteuren vun de Gewënnerstied ëm hir Meenung gebieden an eraus komm ass, datt een am beschten ësst, zu... 

New Orleans! D'USA-Südstaate-Metropol a Louisina huet vill Aflëss; Franséischer, Spuenescher an Afrikanescher, esouguer Vietnamesescher. Do kann een dann iessen: Shrimp Creole, Jambalaya dat ass eng kreolesch Räispan an da Gumbo, dat si Mieresfriichten. Beim Liuzza’s By The Track géif een domadder op seng Käschte kommen.

RTL

© pixabay.com

Sëlwer kritt an dësem Ranking Bangkok. Do an Thailand kann ee fir schonn 3 Euro zu all Dageszäit immens gutt iessen.

RTL

© pixabay.com

Op der 3. Plaz fanne mir Medellin a Kolumbien. Hei kann een och bëlleg a gutt un all Stroosseneck ze iesse kréien.

RTL

© pixabay.com

An der Top 5 ass dann op der 4 Kapstadt oder Cape Town. An der südafrikanescher Stad iwwerzeegen och d'Mieresfriichten.

RTL

An dann nach Madrid. Déi spuenesch Haaptstad ka mat senge Wäibistroen a klenge Bäckereien a Restauranten um Niveau vu Michelin-Stären iwwerzeegen.

RTL

© pixabay.com

Hei fannt Dir dann och d'Top 20 vun de Stied mam beschten Iessen dem Magazin „Time Out“ no:

New Orleans, USA

Bangkok, Thailand

Medellín, Kolumbien

Kapstadt, Südafrika

Madrid, Spuenien

Mexico City, Mexiko

Lagos, Nigeria

Shanghai, China

Paräis, Frankräich

Jakarta, Indonesien

Marrakesch, Marokko

Lima, Peru

Riad, Saudi-Arabien

Mumbai, Indien

Abu Dhabi, VAE

Kairo, Ägypten

Porto, Portugal

Montreal, Kanada

Neapel, Italien

San José, Costa Rica

An hei kommt Dir bei den Artikel