
Misär kënnt meeschtens dann, wann een net dermadder rechent, a wann een en am mannsten gebrauche kann. Sou ass et och wann een en Hausdéier huet, an bemol näischt méi ass, wéi et virdrun war. D'RTL Déierendoktesch huet haut e Fall um Praxisdësch, wou et um Ufank och vill Rätsel ronderëm gouf, Romi Roth
De Jempy war krank! Virun e puer Deeg huet den alen Dackel ugefaangen mackeg ze ginn, mam Friessen ze läpsen an en hat och e bësse de Kurrivitti. Dunn op eemol gouf hien richteg apathesch, säin Duerchfall carrement bluddeg an en huet sech och an engem Stéck missen iwwerginn. Wéinst enger uerger Rateplo ronderëm hire Kompost hat seng Meeschtesch sech keen anere Rot gewosst wéi Gëft géint déi aarme Béischten ze leeën. An elo hat si hire Jempy am Verdacht, hien hätt vläicht Deeler vun esou engem vergëften Rat geschuppt a verhaft.
Oh mei, do gëtt et jo elo och ee neit Rategëft?
Leider jo. Mais d´Chloralose, dat ass een Anesthésique, deen fir d´Raten a Mais unzelackelen mat Zocker vermuuscht gëtt, mécht aner Symptomer. Mais och esou war de Jempy den Ament gutt zerwéiert: déi jonk Studentin, déi hien versuergt hat, wéi seng Tattchen fir eng Hochzäit am Ausland war, war an der praller Mëtteshëtzt mat him trëppele gewiescht. Wann een da bedenkt, dass de Makadamm scho bei 30 Grad Lofttemperatur op 62 Grad Celsius un d´Kache kënnt, da kann ee sech gutt virstellen, wéi d´Geträips vun esou engem niddrege Mupp gekacht gëtt, dee mat sengem Bauch keng 10 cm vum Buedem ewech ass. De Jempy hat nach immens Chance: no e puer Baxteren a Sprëtzen géint d´Entzündung an de bakteriellen Duercherneen a sengem Geträips war deen alen Dackel erëm an der Rei.