Ciao Italia! Et ass kee Geheimnis – d’Toskana ass eng vun de beléiftste Vakanzen Destinatiounen an Italien an zitt all Joers vill Touristen un. Och zwee Lëtzebuerger huet et an dës wonnerschéi Géigend verschloen, wéi Si viru 6 Joer decidéiert hunn an d’Toskana auszewanderen.

29/07/2025 B&B Toskana

D’Cathy Moretti-Brisbois ass Enn 2019 zesumme mat hirem Mann dem Marco aus Lëtzebuerg ausgewandert. Wéi ass et dann dozou komm?

"Ma deen initiale Plang war, zwee bis dräi Joer virun der Pensioun eng Auswanderung ze maachen. Mir hunn dat just eeben e bësselchen éischter realiséiert an no iwwer 50 Joer dunn Lëtzebuerg verlooss. No dem Motto, elo oder ni, hu mer de Risiko geholl a sinn aus eiser Komfortzon aus Lëtzebuerg erausgaangen an hunn eis an eng nei Aventure hei lancéiert, souwuel professionell wéi privat, fir am Ausland eeben e Bed and Breakfast opzemaachen."

D’Koppel huet sech d’Stad Pietrasanta an der Provënz vu Lucca als nei Heemescht ausgesicht. An der Stad selwer an awer och ronderëm gëtt et vill ze entdecken.

"Et ass Pietrasanta selwer mol, et ass eng immens schéi kleng Konschtstad mat mëttelalterlechen Originnen an et ass a sech en Zentrum vun internationalem Interessi fir Konscht a Skulpturen aus Marmer a Bronze. Et ginn extreem vill Atelieren hei bei eis, wou Kënschtler aus aller Welt kommen, ebe fir hir Skulpturen hei ze kreéieren an den Atelieren. Iwwregens ass dem Wil Lofy säi Konschtwierk um roude Pëtzt, eis Hämmelsmarsch, deen hei zu Pietrasanta a Bronze gegoss ginn. Da gëtt et natierlech Carrara, eebe bekannt fir de beschte wäisse Marmer, dee weltwäit exportéiert gëtt. Mir sinn eng Stonn vu Florenz ewech, véierzeg Minutte vu Pisa, eng hallef Stonn vu Lucca, dann Cinque Terre, a Ligurien, do ass een och relativ séier a véierzeg Minutten, an en plus hu mer op annerhallwer Stonn Schipisten hei uewen an den Apuanen, wou ee Schifuere kann, an dann natierlech eis Plagen, wou véierzeg Kilometer laang laanscht tyrrheenescht Mier lafen."

RTL

© Olivemare

RTL

© Olivemare

Zesummen hunn d’Cathy an de Marco e Bed&Breakfast opgemaach. Wéi war dat da fir ganz nei unzefänken?

"Jo, also am Ausland eppes Neies unzefänken, sou wéi mir elo, de B&B ass net eppes, wat ee vun haut op muer maache kann, et ass e laangt Plange mat vill Kappzerbrieches, brauch ee vill Ënnerstëtzung vun der Famill, vun de Frënn, an och wéi bei eis eisem Fils, deen eis ëmmer motivéiert huet, fir dee Projet unzegoen, et muss ee sech gutt encadréieren, mat villen Imprevue rechnen an da virun allem d' Sprooch vum Land fléissend schwätzen, ouni dat geet et net, sech upassen, wou mir als Lëtzebuerger kee Problem domat hunn, well mer jo vu Kleng op geleiert ginn, eis iwwerall unzepassen. D' Kultur vum Land gären hunn a ganz wichteg sech doheem fillen, och wa fir mech elo perséinlech Lëtzebuerg nach ëmmer mäin Heemechtsland bleift, fillen ech mech awer hei an Italien doheem."

Weider Informatiounen zum Bed&Breakfast fannt Dir op

RTL

© Olivemare

RTL

© Olivemare

RTL
RTL

© Olivemare