
Den Turban Tornado ass gestuerwen an domadder och den eelste Marathonleefer vun der Welt.
Do schwätze mir vum Fauja Singh, deen elo am Alter vun 114 Joer fir ëmmer vun eis gaangen ass. Tragescherweis ass dës Laf-Ikone bei engem Verkéiersaccident ëm d'Liewe komm, dat am indesche Bundesstaat Punjab. A sengem Heemechstduerf Bias gouf hie vun engem Auto erfaasst an ass derbäi leie bliwwen.
Firwat erziele mir Iech dat?
Ma de Fauja Singh, e Brit, deen an Indien gebuer ass, war och e puer mol zu Lëtzebuerg. 2010 war hie mat sengem Trainer Harmander Singh op Lëtzebuerg komm fir beim ING Marathon derbäi ze sinn.
Mat 99 Joer ass hien deemools de Semi gelaf. 2011 ass en do mam Ultrasportler Joey Kelly gelaf.

Seng lescht Course ass hien am Alter vun 101 Joer gelaf, 2013 zu Hongkong. Eréischt am Alter vun 89 Joer ass hien iwwregens un d'Lafe komm, nom Doud vu senger Fra an vun engem vu senge Jongen hu Marathonleef op der Tëlee hien zum Lafe bruecht.
Hie gouf zu enger internationaler Ikon, huet déi Olympesch Flam zu Athen gedroen an zu London an huet esouguer Reklamme gedréint mat Stare wéi David Beckham a Muhammad Ali.
Seng Kraaft a Vitalitéit hat de Singh reegelméissegen Trëppeltier ze verdanken a senger Ernärung.
Awer och wann hien als eelste Marathonleefer vun der Welt zielt, gouf hien net an d'Guinnessbuch vun de Rekorden opgeholl, well säin Alter offiziell net konnt nogewise ginn.