
© Patrick Greis
No der Hëtzt ass virun der Hëtzt. Och wann een vun Zäit zu Zäit e bësschen duerchootme kann, si mir matzen am Summer, an d'Zuel vun de gudden Deeg mat Temperaturen vun 30 Grad a méi am Schied ass nach net gezielt. Den Dokter Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare, kuckt haut wéi eng Auswierkungen déi héich Temperaturen op eise Kierper an eis Gesondheet hunn.
Eng Etüd aus dem Landset huet dat ënnersicht. De Serotonin, deen an eisem Gehier fir déi 'gutt' Stëmmung suergt, deen duerch d' Antidépresseuren eropgesat gëtt, gëtt duerch ze vill waarm Temperaturen erofgeregelt. Gläichzäiteg mécht d'Hëtzt de Schlof méi schlecht, Schlofentzuch gëtt als Folter gewäert, well bei ze laangem Entzuch halluzinéieren d'Leit a gi mëll. Duerch d'Hëtzt gëtt och méi Alkohol gedronk. Déi do 3 Facteuren géifen erklären firwat d'Suiciden wärend Hëtztwellen zouhuelen par Rapport zur Moyenne vun deene kalen Deeg. Donieft sinn och 10% méi Leit an den Urgencen.
Wann een richteg op d'Hëtzt reagéiert, an och schonn am Virfeld seng Precautiounen hëlt ass alles nëmmen hallef sou schlëmm, an och de Kierper kann dovunner profitéieren.
Duerch d'Dehydratioun kënnt et och zu Modifikatiounen bei der Wierksamkeet vu verschiddene Medikamenter, wéi zum Beispill beim Lythium dat bei bipolaren Stéierungen agesat gëtt. Denkt also drun, lëften an der Nuecht, Rolllueden erof am Dag, genuch a reegelméisseg Waasser drénken, ausser et hätt een Häerzinsuffizienz och e bësschen extra Salz anhuelen, Alkohol evitéieren, net äiskal duschen, well dat kuerbelt dem Kierper seng Hëtztproduktioun nees erop, am Schied bleiwen, net ze vill haarde Sport oder Aarbecht an der Sonn maachen, da bleift dir gesond.