
© Patrick Greis
Wou ass dee nächste Café oder déi nächst Buvette a wéi gëtt een soss och nach dem Mega-Duuscht Meeschter? Mee drénkt een iwwerhaapt genuch, bei deem Wieder? Den Dokter Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare mécht eis e bësschen méi schlau, a verréit wéi mer eis selwer hëllefe kënnen.
Et soll een jo genuch drénken, also Waasser natierlech, an dat gëllt net nëmmen wärend enger Hëtztwell. Wann een awer schonn Schwieregkeeten huet am Normalfall op déi 1 1/2 Liter den Dag ze kommen, wéi soll een dann déi 2-3 Liter a méi am Summer packen. Besonnesch déi méi fragil, krank an eeler Leit sinn a Gefor an hunn e manner ausgepräägt Duuschtgefill. Kloer ass, an dat ass wichteg, moies mat Waasser nach virum Kaffi unzefänken, mee mir kënnen net einfach 2 Liter op Ex kippen, an da mengen et wier ok.
Hei, wéi versprach, 4 Tipps, fir dass et besser klappt mat der Hydratatioun.
Dir kënnt eng Smartphone-app benotzen, déi Iech reegelméisseg drun erënnert. oder eben eng To-do-Lëscht op de Büro leeën, wou dir allkéiers ofhaakt, wann dir nees e Glas Waasser gedronk hutt. Leitungswaasser schmaacht och net ëmmer immens, Limonaden sinn ze vill ongesond, ma mixt e bësschen Zitroun, Limett, Kornischongsstécker, Menthe oder Basilikum an d'Waasser fir et e bësschen opzeppen. Flëssegkeet kann een och iessen. Majo Kornischongen, Tomaten, Waassermeloun sinn zu iwwer 90% Waasser, an dir kritt Ballaststoffer a sekundär Pflanzstoffer gratis matgeliwwert. Da bleift der fit, hydratéiert a natierlech och gesond.