
© Patrick Greis
Lo am Summer, wou mer méi Haut weisen, gesäit een se erëm méi heefeg. Blo Flecken op der Haut. Den Dokter Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare mécht eng Analyse a kuckt wéi mir dës blo Plazen evitéieren.
An ech schwätzen elo net vun de Knutschflecken, obwuel de Prinzip dee selwechten ass. Firwat kréien d'Fraen der méi? Ma an der Moyenne ass hier Haut méi dënn, an hiert Bindegewebe och méi schwaach. Dëst ass awer beispillsweis bei enger Schwangerschaft e Virdeel, well sech dann d'Haut iwwer dem Bauch besser deene kann. E bloe Fleck oder Hematom ass Blutt wat aus dem Kapillaren Oderen aus dem Gewebe leeft, mee wann d'Haut intakt ass, net erausleeft, wéi wa mir eis schneiden.
Blutt gerënnt dann op där verletzter Plaz, mee wéi kënnt een iwwerhaapt drun?
Bei verschiddene Leit geet dat och mat ganz liichtem Widderstoussen schonn duer, an dofir erënnert ee sech och net ëmmer un déi Ursaach. Verschidden Medikamenter oder Krankheeten maachen och, dass mir méi sou Hematomen kréien. Et brauch ëm déi zwou Wochen wou d'Eisen aus dem Blutt ofgebaut gëtt. De Fleck gëtt fir d'éischt gréng also e Mix aus blo a giel an da ganz giel bis dass e verschwënnt. Et muss och net ëmmer op der Plaz vum Trauma sinn well d'Blutt der Gravitéit no erofleeft och am Gewebe. Och wann et net ëmmer schéin ass, allermeeschtens ass et harmlos. Wann der Zweiwel hutt, da frot ären Hausdokter.