Dee beschten packt et net fir 24 Stonnen an engem Stéck op de Been ze bleiwen, ouni fréier oder spéider en Down ze hunn. Entweder, et ass een moies fréi schonn aktiv, oder et gehéiert een zu de Nuetseilen, mee virdrun oder duerno brauch een eng Paus. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet eng Iddi.

Wat am Süden vun Europa e Must ass, duerch d'Temperaturen, kënnt och bei eis e gudden Effekt op d'Gesondheet hunn. Mir schwätzen vun der Siesta oder wann een hip wëll sinn vum 'Power nap'. De Nickerchen, wéi eis Noperen ëstlech vun der Musel géifen soen dierf net méi laang wéi 20-30 Minutten sinn. Bei där Dauer verbessert en eis kognitiv Funktiounen also de Verhalt an d'Opmierksamkeet, souguer d'Stëmmung geet erop souwéi d'Produktivitéit.

Dr Marc Keipes - Siesta - Iddi

E puer Etuden besoen, dass doduerch manner Häerzkreeslafkrankheeten optauchen, et soll Stress ofbauen an eisen Immunsystem stäerken well de Cortisolspiggel fält.

Souguer d'Liewenserwaardung géif besser ginn, wat awer éischter als Ëmkehrschluss aus Studien staamt, déi beweisen dass ze wéineg Schlof d'Liewen verkierzt. De beschten Moment leit relativ fréi, an der Mëtt vum Dag tëscht 12 a 14 Auer wou souwisou vill Leit en Down hunn a wéineg produktiv sinn. Dir musst puermol testen ob dat fir Iech an äre Chef virun allem kann klappen. An enger Firma huet et réischt geklappt wéi bis d'Cheffen et selwer och probéiert hunn. Virdrun hunn d'Employéeën sech net getraut et ze maachen.

Dr Marc Keipes - Siesta - Virdeeler