
© Patrick Greis
Déi eng kommen sou lues aus der Vakanz erëm, an déi zweet Well rullt geschwënn Richtung Süden. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet sech Gedanken gemaach wat een u Gesondheetsproblemer alles evitéieren kann, wann ee sech am Virfeld preparéiert.
Obwuel, et muss een net ëmmer an engem exotesche Land sinn fir de Flitzkacka ze kréien. Hei elo d'Ursaachen mat ofhuelender Heefegkeet. Virussen sinn déi heefegst an och ganz akut, awer dacks och nees séier eriwwer. Nodeel. Nëmmen eng Behandlung vun de Symptomer ass méiglech. Bei Bakterien kënnt en Antibiotik hëllefen, den Dokter muss awer erausfannen wat fir een. Parasitten wéi zum Beispill Wierm gëtt et net nëmmen an exotesche Länner mee och an Europa. Problemer mat verschiddenen Iesswueren ass och méiglech. Chili con carne léisst gréissen oder mécht vläicht zweemol Freed.
An dat hei kann een sech direkt hannert d'Oueren schreiwen.
Am beschten, zemol wann een empfindlech dofir ass, nëmmen Fläschen Waasser drénken, keen Äis mat lokalem Waasser. Näischt Réies wéi Zaloten, Tartare, Sushi a waarme Länner iessen. Souguer déi Schlupp fir d'Zänn ze wäschen geet heiansdo duer fir krank ze ginn, à éviter. Wann den Duerchfall dann do ass, net nëmme Waasser drénken fir ze rehydratéieren, dir braucht Mineralsalzer an e bësschen Zocker a fir eemol an och nëmmen dann kritt dir vum Dokter d'Erlabnis Cola ze drénken. 'Imodium' ouni Iwwerdreiwung kann hëllefen wann et guer net méi geet oder bei Féiwer, besser bei ären Dokter da gi der nees gesond.