Vun haut un spillt d'asbl 'De Schankemännchen' vu Groussbus nees op der Fräiliichtbün. No ville Prouwen, déi schonn am Abrëll ugefaangen hunn ass den Owend um 9 d'Première vun 'Bei der Däiwel'. Dreiwend Kraaft a Regisseur zanter der éischter Minutt, de Jemp Schuster.

De Schankemännchen - Traditioun

All zwee Joer iwwerrascht den Auteur säin treie Public mat engem aneren Thema an deenen schéine Summernuechten, wann den Dag an d'Nuecht iwwergeet.

De Schankemännchen - Stécker aus der Vergaangenheet

Den Titel 'Bei der Däiwel' ass Programm. Et wënscht een, een, bei der Däiwel, wann een een net méi gebrauche kann. Wéi ass dat hei ze verstoen?

De Schankemaennchen - Bei der Däiwel

De Jemp Schuster war an der lescht aktiv mat der mise en scène vun engem Soloprogramm. Hei muss hien als Regisseur knapp 30 Leit dirigéieren, an dat ënner fräiem Himmel. Wou leit den Challenge bei dësem mega Projet?

De Schankemaennchen - grouss Erausfuerderung