
© Patrick Greis
De Numm Daniel Tesch bréngt een direkt a Verbindung mat sengem Posten als Direkter vum ACL. Manner bekannt ass, dass hien och 8 Joer fir d'Arbed a Brasilien geschafft huet a sech elo als Restaurateur en Numm gemaach huet. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, firwat hien deemools als Direkter huet missten zrécktrieden a firwat et mat senger klenger Revolutioun an der Taxisbranche näischt gouf. Mir héieren, dass seng Fra bei 'Fade to Grey' déi weiblech Stëmm war, hie verréit firwat seng Karriär am Rugby eng kuerz war a gi gewuer, dass de Maître Vogel geleeëntlech mat Waasserfläschen no him geheit huet. Piano: Marc Schmidt
Dee nächsten Invité am RTL-Afterwork ass de Johny Goudenbour, dat allerdéngs eréischt e Méindeg 8ten September. Sou laang mécht den RTL-Afterwork hei um Radio Paus. Profitéiert awer gären dovunner um RTL Play eng Kéier duerch Podcasten aus de leschte 5 Joer ze scrollen an dir faalt bestëmmt op deen een oder aneren deem der gären 3/4 Stonn nolauschtert fir méi iwwert en gewuer ze ginn.
