An néng Wochen sinn déi 77. Emmy Awards, d’Nominatioune sinn elo scho bekannt. Dorënner den Netflix Hit "Nobody Wants This" an den Iwwerraschungs-Erfolleg "Adolescence". ma déi meeschten Nominatioune ginn un d’Office Drama Serie "Severance".

21/07/2025 Emmy Awards

De 14. September ginn d’Emmys fir déi beschten TV Shows vun dësem Joer iwwerreecht. Hei sinn e puer vun den Highlights ënnert den Nominéierten.

Den Owen Cooper, Star vun der Krimi Serie "Adolescence", huet bei den Emmy Nominatiounen dëst Joer Geschicht geschriwwen. Sollt de 15 Joer alen Englänner an der Kategorie fir de beschte supporting actor an enger limitéierter Serie oder Film gewannen, da wier hien dee jéngste männleche Emmy Gewënner. "Adolescence" huet an de leschte Méint fir vill Diskussioune gesuergt, wëll sech d’Serie mat Theme wéi toxescher Männlechkeet a Femizide beschäftegt. De brittesche Premier Keir Starmer wollt d’Serie souguer direkt als obligatorescht Material an de Schoulprogramm ophuelen.

Och den Netflix Hit "Nobody Wants This", mam Kristen Bell an Adam Brody an den Haaptrollen, konnt sech dräi Nominéierunge sécheren. An dat an de Kategorië bescht Komedie-Serie, a beschte Schauspiller a bescht Schauspillerin an enger Komedie Serie.

Eng manner grouss Iwwerraschung sinn d’Nominéierunge fir "The White Lotus", déi ganzer 24 Nominéierunge kritt huet, an "The Bear" mat 13 Nominéierungen. Béid Serien hu schonn an de Jore virdru gutt ofgeraumt bei den Emmy Awards.

De gréissten Erfolleg hat awer wuel d’Drama Serie "Severance". Ganzer 27 Emmy Nominéierunge konnt sech dës Apple TV+ Show sécheren. An der Serie geet et ëm Employéë vun der Firma Lumon, déi all een Chip agesat kréie mat deem hir Perséinlechkeet an zwee gespléckt gëtt. Eng privat Perséinlechkeet, an eng, déi et just op der Aarbecht gëtt.
De finale Vott ass eréischt Mëtt August. D’Präisser ginn dëst Joer de 14. September zu Los Angeles verdeelt. De Comedian Nate Bargatze soll d’Emmy Awards moderéieren.