Mir starten offiziell an de Summer an u wat denke mir do: Sonn, Plage, Vakanz. Deen een zitt et all Joer op déi selwecht Plaz, deen anere sicht ëmmer no neien Aventuren. An eiser Summerserie presentéiert d’Céline Spithoven iech zwee Mol d’Woch e Land an Europa, dat eng Vakanz wäert ass a villäicht nach net jiddereen um Schierm huet. Lass leeë mir mat enger Destinatioun, déi souguer 5 Mol méi kleng ass wéi eist Lëtzebuerger Ländchen.

22/07/2025 Serie Alternativ Destinatiounen ANDORRA

Andorra – ee klengt Land tëscht Frankräich a Spuenie mat ronn 80.000 Awunner. Den Zwergestaat gëllt als Steierparadäis op 468 Metercarré. Ma d’Land mat spueneschem a franséischen Afloss huet awer nach vill méi ze bidden. 

Fir déi déi eng aktiv Vakanz wëllen, ginn et Elektrifizéiert E-Bike-Tracéen, Kloterparken a Golf op 2.250 Meter Héicht. Wanderweeër duerch UNESCO-geschützte Bierglandschafte wéi Madriu-Perafita-Claror sinn och en Highlight fir Natur-Fans. 
Am Wanter verwandelt sech d’Land an e Paradäis fir Frënn vum Wantersport. Grandvalira Resorts an de Pyrenäen ass ee vun de gréisste Schi-Ressorten an Europa– mat iwwer 300 Kilometer Pisten an ultra-moderner Ariichtungen. 

Du wëlls éischter entspanen? De Spa-Zenter Caldea ass wäit iwwert d’Grenz bekannt an dat net nëmme fir säin Thermalwaasser, Liicht- a Klangshows, a Wellness wéi aus engem Science-Fiction-Film. Jo wierklech, hei gëtt et en Zitroune-Baseng, e Jacuzzi-Solarium an eng Eis-Kabinn. Och vu Baussen ass de Spa en Highlight. Den Zenter ass ganz futuristesch gebaut mat villen Elementer aus Glas a souguer enger gliesener Pyramid. 

Mee Andorra ass och Kultur. D’Casa de la Vall, dat fréiert Parlament, steet nach haut stolz am Zentrum vun Andorra la Vella. An iwwerall am Land – Romanesch Kierchen, al Fresken, Klackentierm – wéi eng Rees an d’Mëttelalter. 

Kulinaresch kann ee sech op traditionell Zoossiss, Kéis, gegrillt Schleeke freeën oder op Nougat a Eisekuch-Kichelcher als Dessert. 

Net ze vergiesse bei der Visitt: Shopping! Andorra ass nach ëmmer steierfräi. Elektronik, Kleeder, Parfumen – alles zu attraktive Präisser. 
Ob Outdoor, Wellness oder Kultur – Andorra ass kleng, mee voll mat grousse Momenter. Eng Destinatioun, déi iwwerzeege kann.