
© pixabay.com
Et ass Summer an iwwer 30 Grad. Do schweesst een. Oder hunn ech vläicht just dee falschen Outfit un? Soll ech op waarmen Deeg léiwer wäiss oder éischter schwaarz Kleeder undoen, Mister Science?
De gesonde Mënscheverstand géif wuel instinktiv „hell Kleedung“ soen. Mee och däischter Saachen hu Virdeeler. Jee nodeems, wéi d’Kleeder geschnidde sinn, ass schwaarz esouguer besser.
Mee eng schwaarz Mauer gëtt dach vill méi séier waarm wéi eng wäiss. Ass dat bei mengem T-Shirt anescht?
Natierlech net. Mir gesinn en Objet als wäiss, well en de gréissten Deel vum Sonneliicht reflektéiert. E schwaarzen Objet dogéint hëlt d’Stralung a sech op. D’Energie vum Liicht gëtt dobäi a Wäermt ëmgewandelt an hëtzt déi schwaarz Fläch op. Dat ass esou bei der Mauer an och beim T-Shirt. Mee d’Wäermt, déi eis Kleedung vun der Sonn ophëlt, ass just ee Faktor. Et spillt och eng grouss Roll, wéi enk d’Kleedung um Kierper uläit. Wa se wéi eng zweet Haut ass, da spillt d’Hëtzt eng grouss Roll. An engem enke schwaarzen T-Shirt gëtt et engem méi waarm wéi an engem enke wäissen. Ass d’Kleedung allerdéngs schéi lëfteg, gesäit d’Saach anescht aus.
Esou wéi bei de labbere Kleeder vun de Beduinen an Nordafrika?
Genee. Esou Kleeder loossen d’Loft tëschent der Haut an dem Stoff zirkuléieren. D’Loft léisst de Schweess op der Haut verdonsten. Déi néideg Energie gëtt eisem Kierper entzunn. Et fillt sech méi kill un. Dat hu Fuerscher schonn 1980 an der israelescher Negev-Wüüst wëssenschaftlech ënnersicht. Hir Probanden hate wäiss oder schwaarz Beduinekleeder, khaki Militäruniformen oder hell Shorten un. Am Short war et am wäermsten. Am agreabelste waren déi lëfteg Kleeder vun de Mënschen aus der Wüüst – egal ob schwaarz oder wäiss. Aner Fuerscher hunn dësen Effekt bei Dauwen ënnersicht. Si hu festgestallt, dass d’Wandgeschwindegkeet eng grouss Roll spillt. Scho bei enger liichter Lëftche vun zirka 3 Meter pro Sekonn waren déi Dauwe mat schwaarze Fiedere méi séier ofgekillt wéi déi wäiss Dauwen. D’Stralung dréngt a wäiss Fiedere méi déif an ewéi a schwaarzer. Dowéinst ass de Killeffekt duerch de Wand bei donkele Fiedere méi grouss. Dësen Effekt ass ëmsou méi grouss, wat d’Fiederen – oder eben déi schwaarz Kleeder – méi labber um Kierper uleien.
Mä Wäermt ass jo just déi eng Säit, op déi mir am Summer oppasse mussen.
A wat ass déi aner?
Dat ass d’ultraviolett Stralung, wéinst där mer verbrennen an de Risiko, Hautkriibs ze kréien, klëmmt. D’Kleedung hëlleft, dat ze verhënneren. An niewent der Déckt an der Zort vum Stoff spillt och d’Faarf eng Roll: Wärend schwaarz quasi déi ganz UV-Stralung absorbéiert, léisst wäiss méi ewéi d’Hallschent dovun ouni Problem passéieren. D’Äntwert op d’Fro no der optimaler Kleedung am Summer ass also méi ewéi „schwaarz oder wäiss“. Wéinst dem Klimawandel an ëmmer méi Hëtztperiode lount et sech fir d’Fuerscher ze ënnersichen, wat d’Wüüstbewunner – esouwuel Mënsche wéi och Déieren – zanter Joerdausende maachen, fir d’Sonn besser ze verdoen. Dat hëlleft och eis Mëtteleuropäer, fir Strategien ze entwéckelen, an dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.