
Si gehéieren zu deene Bands, déi net just Musek gemaach hunn, mee eng ganz Generatioun gepräägt hunn. Guns N’ Roses, déi dreckeg Stëmm vum Axl, d’Gittar vum Slash, an eng Attitüd wéi eng Zäitbomm. Si hunn d’Bün an d’Welt eruewert, si sinn auserneegefall a si sinn nees opgestanen.
Haut Owend spillen se live hei zu Lëtzebuerg an mir kucke mam Céline Spithoven zeréck op d’Geschicht vun enger Band, déi nach ëmmer kee Enn huet.
D’Geschicht vu Guns N’ Roses fänkt 1985 zu Los Angeles un, wou zwou Bands – Hollywood Rose an L.A. Guns – sech zesummegedoen hunn. Den Axl Rose, mat senger rauer, onverkennbarer Stëmm, an den Izzy Stradlin aus Indiana treffen op de Gittarist Slash, de Bassist Duff McKagan an den Drummer Steven Adler. Guns N’ Roses ass gebuer – a mat hinnen eng nei Ära vum dreckege Rock ’n’ Roll.
1987 verëffentlechen se Appetite for Destruction – e musikalesche Molotowcocktail. Welcome to the Jungle, Paradise City, an natierlech Sweet Child O’ Mine mat engem Gittarriff den de Slash just beim Opwiermen erfonnt huet. Den Track gëtt e Welt-Hit, an den Album verkeeft sech iwwer 30 Millioune Mol. Mee d’Band bezilt säi Präis: Drogen, Egoen a Spannungen.
Den Drummer Steven Adler flitt 1990 wéinst sengem Konsum aus der Band – ironesch, well d’ganzt Band schonn d'Baach of leeft. 1991 kommen déi duebel Alben Use Your Illusion I & II, mat epesche Songs wéi November Rain an dem haarde You Could Be Mine, bekannt aus dem Film Terminator 2.
Duerno geet et weider bierg of. Slash, Duff an Izzy ginn no an no. A Guns N’ Roses gëtt méi eng Axl-Show mat Museker, déi permanent wiesselen.

© AFP
Awer 2016 d’Revolutioun. Slash an Duff sinn zréck. D’Not in This Lifetime Tour gëtt eng vun de lukratiivste Rock-Touren – iwwer 580 Milliounen Dollar huet ee verdéngt. Zënterhier goufen nei Tracks verëffentlecht – Absurd, Hard Skool, Perhaps a rezent The General – alles al Kompositiounen, nei opgeholl mat dem klassesche Line-up. 2025 ass d’Band nach ëmmer aktiv, elo mat engem neien Drummer, dem Isaac Carpenter.
A jo, den Axl fält nach ëmmer heiansdo op der Bün, wéi des lescht nach zu Mumbai … mee hie steet ëmmer nees op. A genee esou steet hien och haut den Owend op der Bün zu Lëtzebuerg mat enger Band déi nach ëmmer Gas gëtt. Guns N’ Roses, mat déi lescht Iwwerliewend vum richtege Rock ’n’ Roll.