
© afp
Vun haut u lafen nees nei Filmer an de Kinoen hei zu Lëtzebuerg. Vun engem neie Karate Kid mam legendäre Jackie Chan bis hin zu engem Horror Film iwwert e grujelege Clown. Déi nei Filmer versprieche virun allem vill Action a Spannung, Shawna Fonk.
Wie kennt en net, den Jackie Chan, Kampfsportler a legendäre Schauspiller? Hien ass zeréck an engem neie Karate Kid Film, an dat zesumme mat dem originale Karate Kid, dem Ralph Macchio alias Daniel Larusso. Am Film "Karate Kid Legends" geet et ëm de jonke Kung Fu Schüler Li Fong, dee mat senger Mamm no enger Familljen-Tragedie op New York geplënnert ass. Hien mellt sech fir eng Karate Kompetitioun un, mee dem Li säin Talent eleng geet net duer fir ze gewannen. Also sicht säin Trainer de Mr. Han, gespillt vum Jacky Chan, Ënnerstëtzung beim Daniel Larusso. Mat hirer Hëllef léiert de Li eng ganz nei Aart a Weis vum Karate Sport kennen, an et kënnt zum ultimative Martial Arts Showdown...
Wie méi op Horror a grujeleg Clownen aus ass, deen ass bei dësem Film genau richteg. Am Film "Clown in a Cornfield" feiert eng Grupp vun Teenager am Joer 1991, nieft enger Mais Sirop Fabrik am amerikanesche Missouri eng lëschteg Party. Zwee vun den Teenager schläiche sech an dat grousst Maisfeld nieft der Fabrik. Eraus komme se net méi, wëll se vum Clown Frendo, dem Maskottche vun der Fabrik, ëmbruecht ginn. Och e puer Joer méi spéit dreift de Frendo nach säin Onwiesen. De Film versprécht spektakulär Horror Zeenen, vill Aktion an deen een oder anere Plot Twist.
Hutch is back. Sou steet et um Plakat vum Action Thriller "Nobody 2". Den Hutch Mansell, Famillje Papp a fréieren Optragskiller, gëtt nees a seng brutal Vergaangenheet gezunn. Dat nodeems hien onglécklecherweis an en Haus-Abroch verwéckelt gëtt. Dëst Evenement léist eng Kettereaktioun aus, an den Hutch deckt net nëmme verstoppte Geheimnisser iwwert seng Originnen op, ma och Geheimnisser vu senger Fra Becca.
Wien Loscht op e bësse méi realitéitsno Filmer huet, ka "The Swedish Torpedo", eng Biografie iwwert déi Schweedesch Schwëmmerin Sally Bauer, déi 1939 den Äermelkanal eriwwer geschwommen ass, kucke goen. Oder de chineesesche Mystery Thriller "Brief History of a Family".