
© Patrick Greis
Wann d'Vakanz erlaanscht ass, féieren déi meescht en anert Liewen, dat un en geneeën Horaire gebonnen ass, wou de Kaffi moies ëm eng gewëss Zäit och derzou gehéiert fir an den Dag ze klammen. Mee wat kënnt do op den Dësch? Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare ass do net sou waarm fir wäisst Brout, egal op elo getoast mat där beléifter Nossnougatcrème drop.
Änlech, wéi och déi meescht Cerealien huet dat ganz vill schnell verwäertbar Zockeren, déi de Bluttzocker massiv klammen dinn. Mee den Kierper dreift mat Insulin dann den Zocker erëm erof, genausou séier an de Keller, an dat provozéiert erëm neien Appetit, an dann ass een nees amgaangen nei unzefänken mam Toast, also deen ass net ideal. Huewerflacken kal oder waarm, mat Mëllech oder Jugurt. Hei sinn méi komplex Kuelenhydrater, déi och nach duerch déi gutt Ballaststoffer lues an d'Blutt ginn. De Mëllechproduit bréngt Proteinnen a Kalzium. Mee hei ass et d'Portiounsgréisst déi wichteg ass. Gitt der 10 Stonnen an d'Feld kappen oder just op de Büro tippen.
Vollkarbrout mat Cottage an Concomber ass änlech gesond. Mee wéi steet et dann elo mam Smoothie. Dee muss dass gesond sinn, well do kritt een jo eng Handvoll Uebst a Geméis beieneen, oder?
Mee, oppassen. Kommerziell Smoothien hu vill Uebst fir dass se schmaachen, dofir ass vill Fruuchtzocker an deene Smoothien, well Smoothien mat just Spinat an Zelleri schmaachen elo net sou gutt. Wéi ass et dann elo mat Speck an Eeër? Vill Proteinnen, mee leider och vill gesiedegt Fettsäieren. Eventuell souguer bëssen Transfetter. Dat mécht laang sat, mee dir hutt vläicht besser éischter eng Omlette ze maachen mat e bësschen Geméis dran. Am beschten ass ofwiesselen. Kuckt wat schmaacht a wat Iech fit hält am Moien, da bleift dir gesond.